DOMAT BASS DU RÄICH.

Räich u Ressourcë fir de Recyclage.

Lithium, Kobalt, Néckel… 
Är gebrauchte Batterien an Akkuen enthale wäertvoll a recycléierbar Materialien.

Wann Dir se mam Haushaltsoffall entsuergt, verbëtzt Dir e richtege Schatz – a gefäert eis Ëmwelt. 

Déi gutt Noriicht? Beim Sënneren zielt all Gest. An et ass méi liicht, wéi Dir mengt.

An all Batterie stécht 
e Schatz u Ressourcen. 

D’Batterien enthale Substanzen, déi fir d’Gesondheet a fir d’Ëmwelt geféierlech kënne sinn – Bläi, Kadmium, Lithium. Wa se an déi normal Dreckskëscht geheit ginn, lande se um Tipp oder an der Verbrennungsanlag a verschmotzen de Buedem an d’Gewässer.

Déi selwecht Batterien enthalen awer och seelen a wäertvoll Ressourcen. Zum Beispill Kobalt, Lithium an Néckel, déi recuperéiert an dann an neie Produiten nees verwäert kënne ginn. Wien eng Batterie recycléiert, vermeit den Ofbau vu Rostoffer, spuert Energie a schount limitéiert Ressourcen.

Getrennt Sammelen ass dat éischt Glidd an dëser Wäertketten. An dëst Glidd, dat sidd Dir.

Vun der Knappbatterie bis zu der Vëlosbatterie: Alles ka gesammelt ginn.

Egal ob kleng, grouss, platt oder zylindresch: All Batterie verdéngt et, getrennt gesammelt ze ginn. 
Et gëtt déi follgend grouss Kategorien:

DROBAR BATTERIE

Déi geleefegst am Alldag. Versigelt, 5 kg oder manner. Dëst sinn d’Batterië vun Äre Fernsteierungen, Spillsaachen, Täscheluuchten, Fotoapparater, Aueren, Hörapparater, Autosschlësselen asw.

BATTERIE FIR LIICHT TRANSPORTMËTTEL (MTL)

Versigelt, bis zu 25 kg. Dëst sinn d’Batterië vun Ären E-Biken, Trottinetten, Hoverboarden asw.

INDUSTRIE-
BATTERIE

D’Batterien, fir Solarenergie ze späicheren...

STARTBATTERIE

Batterien, déi entwéckelt goufen, fir Gefierer an aner motoriséiert Maschinnen ze starten, ze beliichten an ze alimentéieren.

BATTERIE FIR ELEKTROGEFIERER

D’Batterien, déi Hybrid- an Elektroautoen undreiwen.

Wousst Dir dat?

D’Symbol mat der duerchgestrachener Dreckskëscht op Äre Batterië bedeit, datt se op kee Fall am Haushaltsoffall entsuergt dierfe ginn. Et ass en däitlecht Zeechen: Dës Batterie huet e Wäert a si gehéiert op eng Sammelplaz.

Sënnert. Regruppéiert. Recycléiert.

Dofir muss ee kee Recycling-Expert sinn. Dräi Geste ginn duer.

1. Sënnert.

Sicht all déi gebrauchte Batterien an Akkue bei Iech doheem zesummen. Tiräng, Fernsteierungen, Spillsaachen, Handwierksgeschier… Si sinn iwwerall verstoppt. Geheit se op kee Fall an déi normal Dreckskëscht.

2. Regruppéiert.

Sammelt se an Ärer Ecobatterien-Këscht. Dat ass einfach a gratis.

3. Recycléiert.

Drot Är voll Këscht op eng vun de Sammelplazen zu Lëtzebuerg. D’Fachleit këmmere sech ëm de Rescht.

Är Sammelkëscht ass gratis.

D’Ecobatterien-Sammelkëschte si geduecht, fir Är gebrauchte Batterien doheem ze stockéieren. Dir kritt se gratis an all Ressourcenzenteren zu Lëtzebuerg.

Wou kënnt Dir Är gebrauchte Batterien ofginn?

Zu Lëtzebuerg ginn et iwwer 20 Ressourcenzenteren, déi Är gebrauchte Batterien unhuelen. An dat ass net déi eenzeg Plaz. 


Hei fannt Dir deen nooste Ressourcenzenter. 

>

Et ginn awer och nach aner Léisungen:

Mobil Sammlungen

D’Aktioun SuperDrecksKëscht fir Bierger organiséiert reegelméisseg mobil Sammlungen, och an Ärer Géigend.

Garagisten

Bei den Autosbatterien (Starterbatterien, Batterië fir Elektrogefierer...) bidde vill Garagisten eng Reprise vun Ärer aler Batterie un.

Geschäfter

Vill Geschäfter stelle Sammelbehälter fir Är gebrauchten drobar an MTL-Batterien zur Verfügung. Informéiert Iech an Äre Geschäfter.

Är Batterië kënne méi laang halen.

Mat e puer einfache Gewunnechte kënnt Dir d’Liewensdauer vun Äre Batterië verlängeren – an Offall schonn un der Quell reduzéieren.

Huelt d’Batterie eraus, wann Dir e Gerät net benotzt.

Wann e Gerät einfach am Schaf läit, kënne seng Batterië sech entlueden a futti goen.

Schützt se viru Fiichtegkeet an extreemen Temperaturen.

Hëtzt a Keelt sinn de Batterien hir gréisst Feinden.

Zitt de Kabel eraus, wann d’Gerät fäerdeg gelueden ass.

E Gerät onnéideg um Stroumnetz hänken ze loossen, belaascht d’Batterie.

Suergt dofir, datt Är Geräter sech net ëmmer nees komplett entlueden.

Dat féiert dozou, datt d’Batterië fréizäiteg ermidden.

Gitt hinnen en zweet Liewen.

Verschidde Batterien – aus Elektrogefierer – kënnen nach eng Kéier oder fir en aneren Zweck benotzt ginn (beispillsweis fir stationäert Energiespäicheren) oder vu Fachleit nees opbereet ginn. Gitt se op enger agreéierter Sammelplaz of: D’Experten evaluéieren hiert Potenzial.

Firwat gehéiere Batterien net an d’Dreckskëscht?

Eng Batterie, déi mam Haushaltsoffall entsuergt gëtt, ka gëfteg Substanze wéi Bläi oder Kadmium fräisetzen, déi dem Buedem, de Gewässer, den Ekosystemer an der Gesondheet vum Mënsch schueden. Dës Schied sinn dauerhaft a kënnen heiansdo net méi réckgängeg gemaach ginn.

An hei geet et net nëmmen ëm Verschmotzung. D’Batterien enthale seele Materialien, deenen hiren Ofbau an de Minne vill Energie kascht an d’Ëmwelt verschmotzt. All recycléiert Batterie ass eng natierlech Ressource, déi geschount gëtt.

2.385.781,880 Kg

Batterien 2024 zu Lëtzebuerg gesammelt

+20 

Ressourcenzenteren am Land

Gebrauchte Batterien: déi richteg Sécherheetsreflexer.

Gebrauchte Batterië ginn als „geféierlechen Offall” agestuuft. E puer wichteg Virsiichtsmoossname fir e séchere Stockage an Ëmgang.

Stockéiert se getrennt, op enger dréchener Plaz a wäit ewech vu klengen Hänn.

Stockéiert Är gebrauchte Batterien ëmmer an engem spezielle Behälter – wéi d'Ecobatterien-Sammelkëscht – a gitt se reegelméisseg op enger Sammelplaz of.

Versuergt se op enger héijer Plaz, geschützt virun Fiichtegkeet an extremen Temperaturen, fir all Risiko vun engem Incident ze vermeiden – besonnesch mat Knappbatterijen.

Schützt d’Pole vun den 9V- a vun de Knappbatterien.

E klengt Stéck Pechpabeier op de Pole geet duer, fir e Kuerzen tëschent gebrauchte Batterien ze verhënneren.

Huelt d’Batterien eraus, wann Dir e Gerät net méi benotzt.

Souguer wann et ausgeschalt ass, kann e Gerät Reschtenergie verbrauchen – an auslafen oder opquëllen.

D’Batterie ass beschiedegt, opgequoll oder leeft aus?

Isoléiert se direkt an enger hermeetescher Tut oder engem net metallesche Behälter. Dot wa méiglech Händschen un. Pickt se net op an dréckt net drop. Gitt se dann esou séier ewéi méiglech an Ärem Ressourcenzenter of.

Kontaktéiert eis

Adress

Square Mile Belval

11, boulevard du Jazz
L-4370 Belvaux

Kaart

Telefons

TEL (352) 26 09 81

FAX (352) 26 09 87 36